Version texte

SIDD HÄERZLECH WËLKOMM OP EISEM SITE!

>> VERSIOUN FIR BLANN A SEIHGESCHIEDEGT LEIT<<





Historique vun eiser Chorale

Op Grond vun der Industrialiséirung vun Déifferdéng duerch Schmelz ufanks des 20. Jorhonnert huet sech déi Déifferdenger Kirch op eemol als ze kleng erwisen. De Quartier Fousbann war a vollem Opschwong, an hat 1930 schon 3000 Awunner. Vun dohir as et eng Noutwendegkeet gin, an dësem Quartier eng nei Kiirch ze bauen.
Während méi wéi zwanzeg Joer sin déi Déifferdenger Geeschtlech mat dësem Uleies bei de kiirchlechen a weltlechen Autoritéiten virstellig gin. Zu dësem Zweck as och den 8. November 1932 extra eng "Oeuvres Paroissiales" gegrënnt gin. Dëse Veräin hat als Zweck, de Bau vun der neier Kiirch unzegoen, déi verschidden Arbechten auszeschreiwen an ze verginn, an och déi néideg Souen bei de Leit opzebréngen. Dunn endlech, den 22. Juli 1934, um 3 Auer nomëttes, war et dann esou wäit an de Fousbanner Leit hire lange Wonsch as dunn Realitéit gin an den Här Dechen Bisdorf vu Beetebuerg huet déi nei Kiirch a Präsenz vum Här Beschof Dr. Petrus Nommesch, dem Pronotaire a Generalvikar vun der Diözes Dr. Johann Peiffer, dem Bistumssekretär Ludwig Hartmann, dem Doumhär a Präses vun de weibleche Veräiner Dr. Fr. Mack an nach en etlech Geeschtlecher aus den Nopoeschparen, ageseent.

Déi Fousbanner stungen zu hirer Kiirch an hun schon den 3. November 1934 am deemolege Café Hoffmann um Fousbann en eegene Kiirchechouer gegrënnt.

En eegene Fändel konnt déi jongk Chorale sech awer eréischt dräi Joer méi spéit, 1937 zouléen. De 7. November 1937 as deen neie Fändel feierlech ageseent gin. Giédel war d'Madame Norbert Gaspar-Imdahl a Petter war den Här Pierre Rauchs.



 
Op dëser Foto gesi mer d'Chorale bei der Aweiung vum éischte Fändel


   
Viicht Säit vum 1. Fändel. Hënnescht Säit vum 1. Fändel.


 
Wéi mer op dëser Foto vun der Chorale kënne gesin, hat de Veräin 1938 en Ausflug op Jonglënster gemeet.

(vu lënks no riets) THILL Théo - BOUR Jean - Gitt Jos - MARC Lucien -SCHULLER Jos - BALEZO Henri - SIEDLER J.B. - GASPAR Norbert Sen. -SCHULLER François - Kaploun KEYSER - ROMMES Chr. –
GASPAR Paul - JUNK Paul - WEBER Michel - RICHARD - JASPAR - KLEIN Mathias.
 


D'Chorale huet am Laaf vun hirer Geschicht tëschent 9 an 88 Sänger- a Sängerinnen gezielt (de Kannerchouer mat abegraff)

No 22 Joer war deen éischte Fändel verschlass, an d'Chorale huet sech mussen en neien zouléen. Deen as dunn de 15. November 1959 ageweiht gin. Den Här Roger Koemptgen, e Member vun der Chorale, hat en entworf, d'Madame Henri Hoffmann-Welter war Giédel an den Här Jacques Bohler war Pätter.



   
Viicht Säit vum 2. Fändel Hënnescht Säit vum 2. Fändel.


No 50 Joer hat och deen zweete Fändel séng schéinst Deeg hannerun sech an huet mussen ersaat gin. D'Aweihung vum 3. Fändel, dee vum beschtbekannte Fousbanner Kënschtler Gaston Heuschling entworf gouf an an den Ateliers Bernard-Kauffman vu Lëntgen hiergestallt gouf, war Samschdes, de 24. Oktober 2009 an der Owesmass.

Giédelen vum 3. Fändel sin:
Marianne Bernard, Eugénie Biever-Schumann, Nicole Boulmont-Kerschen, Michèle Faltz-Camberlin, Luisa Frising-Uliana, Madeleine Heuschling-Goergen, Marie-Anne Hollerich, Monique Kass, Marianne Kerschen, Marie Kridel-Barba, Netty Kuffer-Wagner, Rose Mambourg, Anne Michaely, Jeanne Nizet-Heuschling, Erika Nurenberg, Anne Peters-Stempel, Sarah Pirotte, Gertrude Rolgen-Roos, Marie-Thérèse Schimberg-Wagner, Gilberte Schwickerath-Hansen , Carine Winandy-Hentges

Pätteren vum 3. Fändel sin:
Jean Faltz, Claude Feller, Roger Hentges, Claude Heuschling, Emile Hollerich, François Juncker, Fernand Kridel, Georges Kuffer, Jean Mambourg, Ferdinand Weber.

Donateuren vum 3. Fändel sin:
Administration Communale de Differdange, Union St. Pie X, Chorale Ste Cécile Oberkorn, Denise Hoffmann-Munhoven, Josée Ecker - Schiltz , Pierre Pasquali, Josée Seiler



   
Viicht Säit vum 3. Fändel Hënnescht Säit vum 3. Fändel.


D'Chorale Saint Joseph steet nach ëmmer trei zu hiren Idealer

Zënter hirer Grënnung 1934 huet d'Chorale Saint Joseph zur Verschéinerung vun de kirchleche Feieren an der Fousbanner Kiirch bäigedroen. 1956 as de Fousbann zu enger eegener Par erhuewen gin, an déer den heitegen Erzbëschof Fernand Franck 11 Joer als Kaploun gewiérkt huet. Och nach haut steet d'Chorale Saint Joseph nach trei zu hiren Idealer am Déngscht vun der Par Fousbann.

D'Chorale Saint Joseph as och dem Piusverband, der Dachorganisatioun vun den 275 Kirchechéier hei am Land, ugeschloss. De Georges Kuffer, deen 33 Joer Dirigent war an haut Éirendirigent as, war 22 Joer Vizeprésident vum Piusverband an hat bis September 2010 de Posten vum General-Trésorier.





Dernlère mise à jour lundi 24 octobre 2011