 |
WAT AS "NEI KIERCH AN ALE MAUEREN?
Den 10. Dezember 2009 as vum Plenum vum Poarverbandsrot Déifferdeng folgend Décisioun eestëmmeg geholl ginn: Aplaatz vun der Déifferdenger an der Fousbanner Kierch, Bau vun enger neier, moderner Kierch (centre spirituel et sociétal) nom Muster vun deene moderne Kierche vu Paräis. (Deemols hat déi Déifferdenger Kierch nach kee Schued vun deene spéidere Bauarbechten)
Den 30. Juni 2010 sin dann d'Déifferdenger Parleit vum Parverbandsrot zu enger Informatiounsversammlung an d'Hall La Chiers ageluede gin. Hei hu mer mat Erstaune musse feststellen, dass e Grupp Leit aus dem Parverbandsrot deen sech "Zukuntswerkstatt" nennt, schon zënter 2006 (also scho 4 Joer) ënnert Ausschloss vun der Öffentlechkeet de Kapp zerbrach huet, wéi se kéinten 2 Kierchen zoumachen, fir eng nei amplaz opzeriichten. Et as behaapt ginn: - Déi 2 Kierchen, Déifferdeng-Zentrum a Fousbann géifen ëmmer méi eidel a méi baufälleg (sic). - Si géifen enorm Quantitéiten un Energie verbrauchen - déi néidech Reparaturen géifen enorm Geldsomme verschlengen ouni awer den aktuell gëltegen Baunormen ze entspriechen. - Si géifen och net méi der heiteger Définitioun vun engem moderne Poarzentrum entspriechen.
Ouni irgend e Mandat an ouni iwert de finanziellen Impakt nozedenken, gouf décidéiert, dass ee misst déi Déifferdenger an die Fousbanner Kierch "à la casse" gin an eng Aaner bauen.
Dass dee ganze Projet net seriös iwerluegt war, huet een direkt gemierkt. Et sin lauter eidel Behaptungen opgestallt gin, z.B.: - Op d'Fro, wéi héich déi enorm Quantitéiten un Energie wieren, konnt keen och nëmmen en ongeféire Chiffer nennen. - Op d'Fro, wéi eng Reparaturen néideg wieren a wivill déi géife kaschten, wosst och kee Bescheed. - Wouhinner déi nei Kierch gebaut géif, war genau esou wéineg bekannt wéi wat se géif kaschten a wéi se géif bezuelt gin. 6 Leit waren op Paräis verschidde Kierche ukucken an hun eis eng Fotoprojektioun gewisen. - Vu kenger Par konnt een eis soen, wéivill Leit do géife wunnen - Och net, wivill Massen an der Woch gehale gin - Mer hun nëmmen eidel Kiirchen ze gesi kritt.
D'Majoritéit vun de Leit am Sall war entsaat iwert dat, wat se do opgedëscht kritt hun. De Buergermeeschter huet dun d'Leit opgeruf, fir der Gemeng valabel Proposen ze machen. Nach an der Versammlung huet sech spontan e Grupp Leit zesummegedoen fir eng Initiativ géint dee Projet ze starten an ganz konkret Virschléi auszeschaffen. Dësen Arbechtsgrupp nennt sech "NEI KIERCH AN ALE MAUEREN" Wéi wäit d'Virschléi vun dësem Arbechtsgrupp viru komm sin, kënt der elo op der Säit "Nei Kierch an ale Maueren" noliesen.
Loosst eis wëssen, wéi Dir zu deem Projet stitt, Schreiwt eis Äer Meenung op der Säit Forum.
|
 |
 |
Queridos compatriotas portugueses,
Nós nos encontramos esta manhã para ouvir algumas explicações no futuro de ambas as igrejas que é a do Centro de Differdange e a de Fousbann. Alguns meses atrás, rumores têm circulado que estas duas igrejas seriam fechadas, até mesmo demolido para dar modo a uma igreja nova em outro lugar. Sem ter mandato, um grupo de representantes do comitê interparochial foram a Paris para procurar idéias visitando igrejas Parisienses novas.
Esta equipa tinha nome de "Nei Kierch (nova igreja)."
As idéias deles apresentadas ao Hall de la Chiers aqui em Fousbann no dia 30 de junho de 2010 não acharam um eco favorável entre a audiência. Mais tarde sobre esta reunião, 5 habitantes do Fousbann se encontraram para estudar outro designado projeto:
‘’NEI KIERCH AN ALE MAUEREN’’ (igreja nova dentro dos muros velhos)
Como cada vez hà menos praticantes, nós achamos um probléma, de especialmente desperdiçar energia durante os serviços religiosos. A nossa idéia consiste para resolver na igreja São Joseph um volume flexível de acordo com as necessidades, por exemplo criando debaixo do jubé uma capela para mais ou menos 60 pessoas. Esta capela seria separada por paredes e portas de vidro da nave principal. Transformando o jubé, nós podemos instalar umas sessenta das cadeiras confortáveis lá para aumentar assim a capacidade da igreja. Mr. Norbert Kaell explicará alguns exemplos sobre as nossas reservas como para as igrejas Parisienses como referência para uma igreja nova para Differdange. Ele procederá então à apresentação de nosso trabalho e das nossas idéias, sobre Power Point projeções enquanto dando explicações como para o papel da igreja São Joseph do Fousbann dentro da reestruturação das igrejas de Differdange pode jogar. Informa-se ainda que perguntas poderao ser feitas para o "FÓRUM".
|
 |